Iwwerfall op Haus vum Charel GoerensBeschëllegte wëll eng manner "gepeffert" Strof

RTL Lëtzebuerg
De Mann war am Juli um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 10 Joer verurteelt ginn.

“Ech bieden Iech drëms, eng zweet Chance ze kréien!“ Dat sot e jonke Mann e Méindeg op der Cour d'appel an der Stad, am zweete Prozess ëm en Iwwerfall, am September 2018, op d'Haus vum Charel Goerens a senger Fra. Dowéinst war de Mann am Juli um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 10 Joer verurteelt ginn.

Iwwerfall Charel Goerens - Rep. Eric Ewald

De Beschëllegten an e Kompliz haten deemools nuets d'hënnescht Terrassendier beim Europadeputéierten a senger Fra opgebrach, an der Suite mat enger Kreditkaart 1.000 € opgehuewen an ënnert anerem nach en Auto geklaut. Hien hätt an der Tëschenzäit Saachen agesinn, huet den Ugeklote e Méindeg gemengt.

„2014 an 2017 hutt Dir schonn agebrach! Dir hutt Är Chance ewell kritt! D'Faite schwätze géint Iech!“, huet d'Presidentin vum Geriicht dem Beschëllegte virgehalen. Hien hätt keen iwwerfalen, mä séier u Sue komme wëllen, war d'Äntwert vum Ugekloten. Hien hätt wuel fräiwëlleg matgemaach, wär awer och an eppes erageroden, nodeems hie mat sengem zoufällege Kompliz an engem Café diskutéiert hat; deen hätt him gesot, hie kéint him finanziell hëllefen, wann hie bei engem Iwwerfall géif oppassen. Hien hätt 3/4mol beim Haus vum Charel Goerens a senger Fra geschellt, ma et hätt sech näischt gedoen. De Kompliz wär dunn eragaangen a 15/20 Minutte fort gewiescht; wéi deen erëmkoum, hätt hie vun zwee Safë geschwat an dovun, dass de Beschëllegten him sollt hëllefen, déi opzebriechen.

Den Ugekloten huet erkläert, hien hätt wëlle goen, well de Kompliz sot, et wären zwee Leit am Haus; de Kompliz hätt hien awer zréckgehalen an eng Waff gezunn, wouropshin hie sech net getraut hätt ze widderspriechen. Nodeems de Charel Goerens a seng Fra waakreg gi waren, hätt de Kompliz gesot, dass hie Sue wéilt. Well de Safe awer eidel war, wollt de Kompliz Kreditkaarten hunn; mat deene goung den Ugekloten dunn op Colmer-Bierg 1.000 € ophiewen. Domat ass hien zréckgefuer; de Kompliz goung doropshin awer mat deene Suen un. Hie wär du mam Auto vun der Fra vum Charel Goerens fortgefuer, en Auto, deen hien zu Schieren ënner enger Bréck stoe gelooss hätt.

Fir de Me Roby Schons, neien Affekot vum Beschëllegten, wär deen an dësen Abroch eragerutscht. Well keng Gewalt gebraucht gouf, sollt déi, Zitat, „gepeffert Strof“ däitlech reduzéiert ginn. Dem Vertrieder vum Parquet général no hätt den Ugeklote sech awer kënne widdersetzen an net misse matmaachen, dofir sollt dat 1. Urteel confirméiert ginn.

Dat zweet gëtt den 1. Abrëll gesprach.

Back to Top
CIM LOGO