Ëffentlech International SchoulenBesoin fir esou Schoulmodeller ass weiderhin do

Lynn Cruchten
Zu Lëtzebuerg ginn et mëttlerweil, verdeelt op verschidde Regiounen, 6 ëffentlech international Schoulen.
Besoin fir esou Schoulmodeller ass weiderhin do
Zu Lëtzebuerg ginn et mëttlerweil, verdeelt op verschidde Regiounen, 6 ëffentlech international Schoulen.

Hei gëtt jo net, wéi am traditionelle Schoulsystem, d’office op däitsch alphabetiséiert, mee d’Schüler hunn de Choix d’Reiefolleg vun hirer éischter, zweeter an drëtter Sprooch, déi se an der Klass léieren, ze wielen. Dat soll besonnesch deene Schüler, déi doheem kee lëtzebuergesch oder däitsch schwätzen, hëllefen, an der Schoul ze reusséieren.

Déi éischt ëffentlech “Ecole internationale” ass 2016 zu Déifferdeng opgaangen, mat Annexen zu Esch a Schëffleng. Ronn 2.100 Kanner a Jugendlecher sinn insgesamt hei am Fondamental a Secondaire ageschriwwen. Si representéieren iwwer 100 Nationalitéiten. Dorënner virop Fransousen (28,9%), awer och vill Lëtzebuerger (25,13%) a Portugisen (21,26%).

D’Demande fir zu Déifferdeng an der EIDE ugeholl ze ginn, louch dëse September bei iwwer 1.400, mee nëmme 420 nei Schüler konnten opgeholl ginn. Dat géif weisen, datt Besoin do wier, fir weider a sou Schoulmodeller z’investéieren.

Back to Top
CIM LOGO