Entrevue zu OttawaBettel an Trudeau schwätzen iwwer Ukrain, Klima a bilateral Relatiounen

RTL Lëtzebuerg
De Premier Xavier Bettel fiert mat senger Tournée am Ausland virun. Op de soziale Reseauen huet hie Fotoe mam kanadesche Premier Justin Trudeau gedeelt.

D’Foto ass an der kanadescher Haaptstad Ottawa entstanen. Wéi de Premier Bettel schreift, wéilt een no der Wirtschaftsmissioun am Juni dëst Joer déi bilateral Zesummenaarbecht verdéiwen.

Och de kanadesche Premier huet op Twitter geschriwwen, et wéilt een déi staark Bezéiung tëscht béide Länner verdéiwen. Et hätt een bei der Entrevue ënnert anerem iwwer d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain, d’Lutte géint de Klimawandel, d’Wirtschaft, an d’Stäerkung vun der franséischer Sprooch geschwat.

Déi lescht Woch war de Premier Xavier Bettel an Italien, zu San Marino an am Vatikan, wou hien de Poopst getraff huet. Do virdru war en och hei am Land an huet ënnert anerem den US-Microsoft Multimilliardär Bill Gates an de fréiere Premier Jean-Claude Juncker empfaangen. Virdru war de Xavier Bettel op engem EU Sommet zu Bréissel an a Japan.

Back to Top
CIM LOGO