BundesligaBayern rette spéit ee Punkt géint Heidenheim, 3:3 tëscht Hoffenheim a Stuttgart

RTL Lëtzebuerg
Hamburg bleift iwwerdeems no enger Victoire sou gutt wéi sécher an der Bundesliga a Leverkusen huet däitlech géint RB Leipzig gewonnen.
Heidenheim's German defender #19 Jonas Foehrenbach reacts after the German first division Bundesliga football match between FC Bayern Munich and Heidenheim in Munich on May 2, 2026. (Photo by Alexandra BEIER / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
© Alexandra BEIER / AFP

An den aneren europäesche Lige gouf et ënner anerem eng Victoire fir Arsenal an en 0:0 tëscht Como an Neapel, wärend Metz an d'Ligue 2 ofgestigen ass.

Donieft waren och eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz. Ënner anerem de Mathias Olesen an de Florian Bohnert konnte wichteg Succèse mat hiren Ekippe feieren.

No laangem Réckstand hunn d'Bayern beim 3:3 géint Heidenheim an der leschter Sekonn nach ee Punkt zu München gehalen. Mat staarker Rotatioun an der Startformatioun tëscht deenen zwou Champions-League-Partië géint de PSG hunn d'Bayern sech géint den Tabelleleschten am leschten Drëttel enorm schwéier gedoen, wärend Heidenheim ëmmer nees duerch Konter geféierlech ginn ass. An der 22. Minutt konnt den Zivzivadze no engem Corner den 1:0 fir den Underdog schéissen, no enger hallwer Stonn huet den Dinkci no engem Konter souguer op 2:0 erhéicht. Kuerz virun der Paus huet de Champion awer duerch ee schéinen direkte Fräistouss vum Goretzka op 1:2 verkierzt.

Nom Säitewiessel hunn d'Bayern Kane, Olise, Kimmich an Diaz agewiesselt an hunn dunn och duerch dem Goretzka säin zweete Gol egaliséiert. Den Tabelleleschten huet sech awer net opginn an hat och eng excellent Chance op d'Féierung, déi den Dinkci leie gelooss huet. Ma eng Véierelsstonn viru Schluss huet den Zivzivadze et no engem weidere Konter besser gemaach a mat engem schéinen Ofschloss den 3:2 fir Heidenheim geschoss. Den Tabelleleschten huet du bis zum Enn staark dogéint gehalen, an der leschter Sekonn ass een Distanzschoss vum Olise awer vum Potto op de Réck vum Golkipp Ramaj an dunn hannert d'Linn gesprongen. Heidenheim bleift no dësem battere Remis 18., huet awer just nach e Retard vun 3 Punkten op de 16. St. Pauli, dat allerdéngs bei engem Match méi.

An engem geckegen direkten Duell ëm d'Champions-League-Qualifikatioun hunn Hoffenheim a Stuttgart och 3:3 gläichgespillt. Et war vun Ufank un eng animéiert Partie, an där d'Lokalekipp schonn no 7 Minutten duerch de Kramaric a Féierung gaangen ass. De VfB huet sech dovun net beandrockt gewisen a konnt duerch de Führich an der 20. Minutt egaliséieren, ma kuerz drop huet den Touré op der anerer Säit no engem Corner nees op 2:1 gestallt. Och an der Suite goufen et weider Occasioune fir béid Ekippen, op den nächste Gol hunn d'Spectateuren awer musse bis no der Paus waarden. An der 49. Spillminutt konnt de Kramaric dunn op 3:1 fir d'Hoffenheimer erhéijen, ier den Demirovic eng Véierelsstonn dono no engem Konter nees verkierze konnt. Kuerz drop ass Stuttgart no enger rouder Kaart fir de Karazor an Ënnerzuel geroden, wouropshin Hoffenheim eng sëllege Konterchancë kritt huet, déi awer alleguerten net notze konnt. Dat huet de VfB an der Nospillzäit trotz Ënnerzuel duerch den Tomas bestrooft, woumat een elo punktgläich mat Hoffenheim ass. Wéinst der besserer Goldifferenz ass Stuttgart den Ament op Plaz 5.

Donieft hunn Union Berlin a Köln sech 2:2 getrennt. D'Lokalekipp ass besser an de Match komm an hat e puer Geleeënheeten op d'Féierung, déi awer net genotzt goufen. No enger gudder hallwer Stonn war et dunn op der anerer Säit den Ex-Unioner Bülter, deen d'Ineffizienz vum Géigner bestrofe konnt a mat engem schéinen Ofschloss op 1:0 fir Köln gestallt huet. An der 60. Minutt huet den El Mala nach een dropgesat, Union huet duerch de Rothe awer eng 10 Minutten duerno nees verkierzt. An der Schlussphas huet Union alles no vir gehäit a konnt duerch een Distanzschoss vum Burcu tatsächlech nach ee Punkt zu Berlin halen. D'Unioner bleiwen domat mat engem Punkt viru Köln op Plaz 12, béid Ekippen dierften dës Saison awer näischt méi mam Ofstig ze di kréien.

Bremen huet iwwerdeems 1:3 géint Augsburg verluer, wärend Hamburg sech 2:1 zu Frankfurt behaapt huet an de Klassenerhalt domat sou gutt wéi sécher huet.

Am Owesmatch huet Bayer Leverkusen sech däitlech 4:1 géint RB Leipzig duerchgesat. No enger ausgeglachener Ufanksphas ass Leverkusen an der 25 Minutt no engem schéine Spillzuch duerch de Schick a Féierung gaangen, a vun do u war et een dominanten Optrëtt vun der Werkself. D'Lokalekipp huet an der Suite eng ganz Rei Chancë leie gelooss, kuerz virum Säitewiessel huet den Tella awer op 2:0 erhéicht. Am zweeten Duerchgang war Leverkusen weider déi méi zwéngend Ekipp an ass ëmmer nees duerch Konter geféierlech ginn, an esou huet de Schick dunn och an der 76. Minutt den 3:0 markéiert. RB huet awer Moral bewisen a konnt direkt duerno duerch de Baumgartner verkierzen, mat sengem 3. Gol vum Dag huet de Schick d'Partie awer dunn entscheet. RB bleift mat enger Avance vu 4 Punkten op der 3. Plaz, hannendru si Leverkusen, Stuttgart an Hoffenheim elo punktgläich.

An der 2. Bundesliga huet Schalke sech e Samschdeg den Owend 1:0 géint Düsseldorf duerchgesat. Domat steet endgülteg fest, dass Kinneksblo opgestigen ass an d'nächst Saison nees an der Bundesliga spille wäert.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO