
D'Chamber hat den entspriechende Gesetzprojet e Mëttwoch unanime guttgeheescht. Et war en Uleies, dat d'AEE awer och d'CGFP scho laang haten.
D'Association des Employé(e)s de l’État wonnert sech e Sonndeg an engem Communiqué awer driwwer, dass am Parlament och kritesch Téin geäussert goufen. Deputéierter hate sech gefrot, ob de Statut vum Staatsbeamten net un Attraktivitéit verléiert, wann d'Entrée méi einfach gëtt. D'AEE erënnert drun, dass de Wiessel vun engem Statut an deen aneren u streng Konditioune gebonne wär. Och Employéeë missten Exame packen, hätten hiren Aarbechtspensum ze leeschten a missten eng Formatioun beim INAP maachen an dann de Promotiounsexamen packen, parallel zu de Fonctionnairen.