Aus dem PolicebulletinSpektakulären Accident op der A4, Persoun zu Esch mat Messer an d'Broscht gepickt

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police nees eng Rei Asätz vun e Freidegowend.
© Laurent Weber

Am spéide Freidegowend, respektiv am fréie Samschdegmoie koum et zu enger Rei Asätz wéinst Chaufferen, déi ze déif an d'Glas gekuckt hunn.

Eng Fuererin war beispillsweis géint 20:40 Auer tëschent Bierg a Wecker an e Bam gerannt a gouf dobäi blesséiert. Si huet mussen hospitaliséiert ginn. Well den Alkoholtest positiv ausgefall war, krut si hire Permis ofgeholl.

Géint 22 Auer war dann enger Patrull zu Péiteng op der Lëtzebuerger Strooss e Chauffer opgefall, deen offensichtlech Probleemer hat, seng Spuer ze halen. Am Tunnel hat hien nämlech mam lénkse Spigel d'Mauer vum Tunnel gesträift an ass deelweis op der Géigefuerbunn gefuer. Den Alkoholtest war och hei positiv ausgefall, de Mann huet sech um Policebüro dem Bulletin no "ëmmer méi respektlos" verhalen a gouf dowéinst an d'Ausniichterungszell ënnerbruecht. Och säi Permis gouf agezunn.

Spektakulären Accident da kuerz virun 2 Auer am fréie Samschdegmoien op der A4 a Richtung Esch. Op der Héicht vum Chantier tëscht der Sortie Leideleng Süd a Steebrécke gouf en Auto vun der Police vun engem anere Chauffer mat extreem héijer Vitess iwwerholl. Wéi d'Beamten dunn d'Poursuite opgeholl hunn, ass de flüchtege Chauffer op déi riets Spuer gewiesselt an dobäi mam Gefier virun him kollidéiert, dat sech dunn ëm déi eegen Achs gedréint huet a mat der Leitplank kollidéiert ass. De Verursaacher vum Accident ass duerch d'Kollisioun mat sengem Auto iwwer d'Leitplank an der Mëtt vun der Autobunn geflunn an no ronn 100 Meter op der Kopp leie bleiwen. De Chauffer ass aus dem Auto erausgekroch an huet sech ze Fouss duerch d'Bascht gemaach. Hie konnt allerdéngs op engem Chantier an der Géigend gestoppt ginn. En Alkoholtest huet e refuséiert, hie krut doropshin de Permis ofgeholl. Blesséiert gouf beim Accident keen, d'Autobunn a Richtung Esch war fir zwou Stonne wéinst de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart.

Am fréie Samschdegmoie géint 5 Auer dann eng Kläpperei um Boulevard Prince Henri zu Esch: Eng Persoun gouf hei mat engem Messer an d'Broscht gepickt. D'Affer koum fir weider Traitementer an e Spidol. D'Police konnt op der Plaz zwee Messere fannen, eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO