Aus dem PolicebulletinMannerjärege mécht sech mat Auto vun der Mamm duerch d'Bascht a rennt a Schëld

RTL Lëtzebuerg
E mannerjärege Bouf wollt sech zu Conter an der Nuecht op e Sonndeg mam Auto vu senger Mam duerch d'Bascht maachen.
© Laurent Weber

Seng Rees war zu Conter lassgaangen, ma hie war awer kuerz no Hallefnuecht an der Réimecher Strooss an e Schëld gerannt. Dem Spëtzbouf war näischt geschitt. Hie koum fir eng Kontroll an d'Kannerklinik. Nodeems seng Mam informéiert war, ass si direkt dohi gefuer, esou d'Police. Der Police géintiwwer sot de Jong, no engem Sträit mat der Mam hätt hie bei Famill an der Belsch wëlle fueren.

An der selwechter Nuecht hat d'Police et dann och op der Escher Autobunn bei Steebrécken mat engem Bläifouss ze dinn. Eng Patrull hat do zwee Chaufferen observéiert, déi beim Laangzäit-Chantier op der Streck eng Zort Course géintenee gefuer waren. En éischte Chauffer gouf direkt gestoppt a verwarnt. Den Zweete war um Chantier, wou Tempo 70 gëllt, mat 135 Stonnekilometer gemooss ginn. Iwwerdeems hat den Auto technesche Manktem, dofir wär e lo mol an den Hänn vun der Police. D'Beamten hunn och Cannabis gericht. De Schnelltest beim Chauffer war positiv, dofir war de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO