"Et ass d’Beweegung vu Gemeinschaften, déi sech d’Welt nei ausmolen a gestalten. Si schaffen an hirer eegener Noperschaft mat enger positiver Astellung a vill Enthusiasmus fir eng besser Zukunft." Sou beschreift de Rob Hopkins, Matgrënner vum Transition Mouvement, wat dohannert stécht.
D’Iddi vum Transition Mouvement staamt aus der Stad Totnes an England. De Rob Hopkins huet 2006, zesumme mat anere Leit aus der Gemeng, d’Initiative ergraff, fir nohalteg Projeten ze starten. Hir Motivatioun war et, net ze waarden, dass d’Politik eppes a puncto Klima- an Energiewend ënnerhëlt, mä schonn elo eng ekologeschen Transitioun unzegoen. D’Bierger hunn hir Visioune vun enger nohalteger Liewensmëttel- an Energieproduktioun, Transport oder Wunnen ausgeschafft a probéiert, selwer ze realiséieren. An iwwert 50 Länner op der Welt ginn et haut Transition Gruppen.
Zënter 10 Joer ginn et verschidde Gruppe vum Transition Mouvement hei zu Lëtzebuerg. Dorausser sinn iwwert 50 verschidde Projeten an Noperschaften, Gemengen oder Schoulen, hei am Land entstanen, déi sech fir eng ekologesch Zukunft asetzen. Déi verschidden Transition-Gruppe sinn un der Associatioun CELL (Center for Ecological Learning Luxembourg) ugegliddert. Jidderee kann un hiren Aktivitéiten deelhuelen.
Wee sech fir den ekologesche Wandel an nohalteg Projeten interesséiert, ka wärend den nächsten 9 Méint un den Transition Days deelhuelen. Atelieren, Konferenzen a Konschtprojete wäerten all Mount zu engem aneren Thema organiséiert ginn. Am Oktober dréint sech alles ronderëm d’Thema Liewensmëttel an Ernierung.
Nohaltegt Bauen a ressourcëschounend Energieversuergung spillen eng grouss Roll beim Äerdschëff, dem éischten ëffentleche Gebai hei am Land, wat sech selwer ka mat Energie a Waasser versuergen, a mat Hëllef vu ville Volontairë gebaut gëtt. Eng 80 Volontairen hu bis elo eng Hand um Schantje mat ugepaakt, mä fir déi weider Bauaarbechte ginn nach interesséiert Volontairë gesicht. Wann Dir och wëllt matbauen, mellt iech per Mail un aerdscheff@cell.lu
Eng Auswiel vu verschiddenen nohaltege Projeten, déi et hei am Land ginn, kann een am Documentaire “Eng Äerd” gesinn. De Film vum Realisateur Tom Alesch huet d’Zil ze weisen, wat zu Lëtzebuerg fir ekologesch Initiative lafen an natierlech Leit ze motivéieren, fir sech och ze engagéieren. Vum 30. September u leeft den Documentaire zu Lëtzebuerg an de Kinoen a wäert och, je no Méiglechkeet, a verschiddene Centre culturellen a Lycéeën am Land gewise ginn. En Dossier pédagogique sollt d’Enseignanten dobäi ënnerstëtzen, mat hire Schüler d’Thema ze behandelen.