Quartier "Rout Lëns"Bierger begréissen Ofrappaarbechte vu Keeseminnen

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch soll an Zukunft den neie Quartier "Rout Lëns" mat ënnert anerem Wunnengen, Geschäfter a Restauranten entstoen.
© Frank Elsen

De Gros vun den industrielle Gebaier um Site vun der Terre-Rouge-Schmelz bleiwen erhalen a ginn an de Projet integréiert. D'Keeseminne ginn allerdéngs ofgerappt.
Déi Gebailechkeete goufen dann och vu Sites et Monuments klasséiert. D'Bierger goufen an de Projet mat agebonnen. Mam Quartier Rout Lëns wëll een eppes qualitativ Flottes schafen, esou den André Zwally.

An Zukunft sollen 3.000 Leit am neie Quartier wunnen. D'Keeseminnen, eng Äerzbunkeranlag, déi ëm 1907 gebaut gouf an déi och op deem Site steet, gëtt ofgerappt. D'Associatioun Industriekultur-CNCI fuerdert awer, datt dës Aarbechte gestoppt ginn. D'Associatioun fënnt, datt déi Ofrappaarbechten eng gesondheetlech Katastroph fir d'Awunner aus dem Quartier Hiehl sinn.

D'Keeseminne sinn zënter 40 Joer sech selwer iwwerlooss. Hei sollen eben nei Gebaier entstoe vum zukünftege Quartier Rout Lëns. Leit, déi do an der Géigend wunnen, begréissen, datt déi grouss Äerzbunkeranlag opgerappt gëtt.

Um Site gëtt an Etappe gebaut. Ënnert anerem soll an Zukunft eng Schoul do entstoen.

Back to Top
CIM LOGO