Den Haaptgrond ass den héije Waasserverbrauch an den Trafic, deen nach dierft an d'Luucht goen.
Um Terrain vun der Industriezon Wolser 1 soll d'Jughurtsfabrick gebaut ginn. 15 Hektar grouss ass d'Areal.
Privatleit an Associatiounen hate wärend der ëffentlecher Consultatioun d'Méiglechkeet, Kloen un de Beetebuerger Schäfferot z'adresséieren. Dës Phas ass elo ofgeschloss an et goufen 22 Reklamatiounen agereecht.
Grouss Erwaardungen, datt d'Politik awer nach verhënnert, datt d'Fabrick sech an der Industriezon Wolser 1 néierléisst, hunn d'Awunner net méi, wéi d'Mariette Ley-Breininger vun der Biergerinitiativ Biereng21.
"Den Dossier schéngt mer relativ gutt ze sinn, mä dat Ganzt wat ronderëm ass, an ech mengen do wieren eis Ëmweltkommissiounen elo an der Verantwortung, well dat sinn déi Eenzegt, déi den Dossier nach kënne kippen."
De Jean-Jacques Müller, och vun der Biergerinitiativ Biereng 21 hofft op déi Gréng an hir Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Si misst nach emol a sech goen.
"Quitt, datt si nëmmen Ëmweltministesch an net Wirtschaftsministesch ass. Mir hoffen awer, datt si vläicht en Impakt op de Regierungsrot huet an, dass de Projet zeréckgeholl gëtt."
Fage, déi griichesch Molkerei, déi virun 8 Joer hire Siège vun Athen op Lëtzebuerg verluecht huet, wëll hei am Land 80.000 Tonne Jughurt d'Joer produzéieren. Dofir brauch se awer 2,5 Millioune Liter Waasser den Dag fir hir Produktiounsanlag.
"Wann een elo un déi 3 lescht Summeren denkt, an deenen et net vill Nidderschlag gouf a wann d'Sebes seet, si misst Reserve fräischalten, da freet ee sech wat ass, wann et esou weider geet.
Mam Klimawandel ginn d'Summeren doudsécher weider esou dréchen an dann ass dat relativ schwéier, de Leit z'erklären, datt se doheem hiert Geméis an hir Blummen net méi dierfen netzen, mä an der Jughurtsfabréck all Dag 2,5 Millioune Liter Waasser duerch d'Päif ginn."
Nieft dem Waasser, dat gebraucht gëtt, sollen all Dag eng 700 Camionen um Site vu Fage passéieren. Fir Mëllech ze liwweren a Jughurt ofzehuelen. Déi 100 Aarbechtsplazen, déi géife geschaf ginn, stinn do a kengem Verhältnis, fënnt d'Biergerinitiativ Biereng 21.
RTL-NEWS: Jughurtsfabrick Fage: Ëffentlech Consultatioun ofgeschloss, 22 Reklamatiounen erakomm