
Nieft de 16 Reklamatiounen zu Beetebuerg sinn der an der Nopeschgemeng Diddeleng 6 erakomm vun Associatiounen a Privatleit, wéi eis den LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana am RTL-Interview sot. Verschiddener hätten op béide Säite reklaméiert. Wéi zu Beetebuerg dréinen d'Avisen also och zu Diddeleng haaptsächlech ëm de Waasserverbrauch, d'Ofwaasser an och den Trafic, deen duerch d'Implantatioun an der Industriezone entstoe kéint.
An enger nächster Phas wäert d'Gemeng Diddeleng elo d'Avisen am Kader vun der Commodo/Incommodo-Prozedur analyséieren an och nach emol den Dossier an Zesummenaarbecht mat engem Bureau d'études studéieren, fir da selwer an den nächsten 3 Wochen en Avis ze formuléieren. An den A vum Dan Biancalana, deen dem Industrieprojet wéi de Wirtschaftsminister, vun Ufank un éischter favorabel, däitlech méi favorabel wéi Beetebuerg beispillsweis géintiwwer stoung, wieren ënnert anerem nach Diskussiounen iwwert de Verkéier ze féieren.
Diddeleng ënnerstëtzt Fage notamment wéinst den Aarbechtsplazen, déi hei geschafe ginn. 100 an enger éischter an da bis zu 200 an enger zweeter Phas, sou den Dan Biancalana. Dat wier ëm sou méi wichteg wann ee weess, datt den direkten Noper, den amerikanesche Glasproduzent Guardian riskéiert 200 Plazen ofzebauen.
Déi Responsabel vu Fage hätten donieft antëscht och Diskussioune mat der Luxlait gefouert, sou nach den LSAP-Buergermeeschter. Den Dossier hätt och op dësem Punkt evoluéiert. Fage hätt kloer Bestriewungen op déi national Produktioun zeréckzegräifen, sou den LSAP-Politiker.
Ëmweltorganisatiounen hu jo dacks dogéint kritiséiert, de Projet Jughurtsfabrick hätt keng Plus-Value fir de lokale Marché.