1. EditiounBiisser Rallye soll e Schratt zeréck an d'Normalitéit sinn

Tim Morizet
De Biisser Rallye geet a seng 1. Editioun a soll d'Leit aus der Regioun och an dësen Zäiten nees zesummebréngen.
Biisser Rallye soll e Schratt zeréck an d'Normalitéit sinn
De Biisser Rallye geet a seng 1. Editioun a soll d'Leit aus der Regioun och an dësen Zäiten nees zesummebréngen.

An dobäi gouf och nach eppes fir de gudden Zweck gemaach. Wandere fir e gudden Zweck, dat obwuel de Mount Mee dëst Joer Wieder-technesch éischter engem Abrëll änelt. Wéineg Leit hu sech awer dovunner zu Biissen ofschrecke gelooss. Am Virfeld hate sech scho knapp 250 Leit ugemellt. D'Entrée war 5 Euro a fir all getrëppelte Kilometer gouf et nach 1 Euro vun der Gemeng fir MSF.

"Ech mengen, datt et grad elo während der Pandemie wichteg ass, datt Gemenge sech opmaachen an an déi Richtung ginn. Virun allem MSF, do wësse mer, datt si och a Länner, déi schwéier vu Katastrophen a Pandemië betraff sinn, ënnerwee sinn.", esou den David Viaggi, de Buergermeeschter vun der Gemeng Biissen.

D'Gemenge ginn ëmmer méi modern, méi Engagement a virun allem méi Kontakter si gefuerdert.

"Et ass schonn esou, datt eng Verwaltung net méi just nach soll verwalten. Se muss méi bei d'Leit erausgoen. Méi kommunikativ si mat de Leit.", esou nach den David Viaggi.

Vill Hëllefsorganisatiounen hunn et och dëst Joer nees Don-technesch e bësse méi schwiereg. Dobäi kënnt, datt e 50. Anniversaire soll geféiert ginn. Dofir wëll een elo an de Gemengen animéieren.

"Et geet haaptsächlech drëm, erëm méi no bei d'Leit zu Lëtzebuerg ze kommen. Ouni déi géife mir och net existéieren. Mir kréie vill Ënnerstëtzung aus dem Grand-Duché. Mir wëllen hinne weisen, wéi eis Approchë sinn a wéi genee hir Donen agesat ginn. A fir d'Gemengen ass et och flott mat villen Aktivitéite fir hir Awunner.", esou d'Carole Nunez vu MSF.

Iwwer 5 oder 10 Kilometer war et e Sonndeg eng Fotosausstellung, déi a 5 Thematiken agedeelt war. D'Biller, vu Konflikt-Fotografie bis Ablécker an Naturkatastrophe gi fir déi nächst 4 Wochen nach zu Biissen bei der Gemeng opgehaangen.

Fir jidderee war e Sonndeg eppes mat dobäi. Vum reeneregen Tour an der frësche Loft, bis eriwwer zum sonnege Spill-Atelier dobausse fir d'ganz Famill.

Och zu Biissen freet ee sech op d'nächst Joer. Vläicht souguer op e ganze Rallye-Weekend.

Back to Top
CIM LOGO