An dat bréngt mat sech, dass vun deen Ament un op de meeschte Platzen am Land d’Masken net méi Flicht sinn. E groussen Schrëtt no bal zwee Joer Corona-Mesuren. Just am Spidol, a Fleege- an Altersheemer an am ëffentlechen Transport muss een dësen nach unhalen. An sou waren dann och um Weekend déi éischt Evenementer an Aktivitéiten, wou een ganz ouni Sécherheetsmesurë konnt deelhuelen. Ma net just bei Manifestatioune gesäit een elo rëm vill plakeg Gesiichter ma och an den Geschäfter uechtert d’Land. Mir hunn um Méindeg Owend gekuckt, ob d’Clienten heivunner profitéieren oder awer nach op Nummer sécher ginn.