Large-Scale-TestingBionext reklaméiert bei der EU

RTL Lëtzebuerg
Am Zesummenhang mam Large-Scale-Testing saiséiert de Laboratoire Bionext an den nächsten Deeg d'europäesch Instanze wéinst deloyaler Konkurrenz.

Dat huet de Laboratoire vu Leideleng en Dënschdeg an engem Bréif un de Gesondheetsministère geschriwwen.

Bei der drëtter Phas vum Large-Scale-Testing zanter Mëtt Juli kënne Leit sech gratis teste goe loossen – ouni Invitatioun. Bionext beschwéiert sech doriwwer, datt d'Regierung weider d'Laboratoires Réunis eleng mam Large-Scale-Testing beoptraagt huet an dat ouni nei ëffentlech Ausschreiwung.

Fir déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing am September d'lescht Joer gouf eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach, hat de Santésministère e Méideng op eng parlamentaresch Fro vun der CSV geäntwert. Am Sënn vun der Kontinuitéit wier dem Ministère no keng nei Ausschreiwung néideg gewiescht.

Bionext léisst dat Argument net gëllen, well déi drëtt Phas kloer eng Reorientéierung vum Large-Scale-Testing géing duerstellen. Donieft wier d'Ausschreiwung fir déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing d'lescht Joer op d'Laboratoires Réunis zougeschnidde ginn.

Bionext schreift och, datt een dowéinst e groussen Deel vu senger Testing-Aktivitéit am Kontext vun de Reesen an d'Ausland verluer hätt an zäitbegrenzten Aarbechtskontrakter (CDDen) hätt misse kënnegen. Eng éischt Konsequenz vum Choix vun der Regierung wier also d'Zerstéierung vun den Test-Kapazitéiten zugonschte vun der Populatioun, sou Bionext.

De Gesondheetsministère schreift op Nofro hin, et géing een zu dësem Zäitpunkt keen Interview zur Annonce vu Bionext ginn a verweist op seng Äntwert op d'parlamentaresch Fro vun e Méindeg. Ofgesinn dovunner stéing et jidderengem fräi, de „Rechtswee" ze goen, am Fall, wou d'Meenungen ausernee ginn.

Back to Top
CIM LOGO