
An der Aarbechtskommissioun vun der Chamber hunn d'Deputéiert sech en Donneschdeg de Moien op en Neits mam Reclassement beschäftegt. D'Zil ass et, d'Prozeduren an déi finanziell Situatioun fir déi betraffe Salariéeën ze verbesseren, déi wéinst gesondheetleche Problemer hirer aktueller Aarbecht net méi nogoe kënnen.
Zanter der leschter Reform vum Reclassements-Gesetz 2015 waren an der Praxis eng ganz Partie Problemer opgedaucht. De fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit hat sech an der leschter Legislatur scho mat de Sozialpartner op eng 13 Punkte gëeenegt, op deenen nogebessert soll ginn. Dës goufen elo en Donneschdeg de Moie vun de Membere vun der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert. Rapporter ass den LSAP-Deputéierte Georges Engel.
D'Amendementer betreffen ënnert anerem d'Roll vum Aarbechtsdokter, déi verstäerkt gëtt, en neie Standard fir Aarbechtszäitreduktiounen oder och nach d'Berechnung vun Indemnitéiten.
Wéi et en Donneschdeg de Moien an der Chamber vum Aarbechtsminister Dan Kersch geheescht huet, wieren d'Adaptatioune just eng éischt Etapp en vue vu méi enger déifgräifender Reform. Déi soll bis 2022 mat de Sozialpartner verhandelt ginn.