Optakt vun der Impfcampagne hunn e Méindeg de Lampertsbierger Jongelycée, de Lycée Robert Schuman an de Lycée Michel Lucius gemaach. D’Schüler aus dëse Schoule goufen an der Victor Hugo Hal geimpft. Parallel ware mobil Impf-Ekippen ënnerwee an de Lycéeë vu Wolz, Klierf a Réiden. Viraussetzung fir de Covid-Vaccin ass d’Autorisatioun vun den Elteren, wann d’Schüler mannerjäreg sinn.
D’Alice war dat Éischt, dat e Méindeg am Atert-Lycée geimpft gouf. Wéinst der Vakanz wär d’Impfung am Summer net esou geleeë komm, seet déi 15 Joer jonk Schülerin. Si hätt awer och Angscht gehat. Well hir Mamm fir eng Impfung war an d’Liewen ouni Covid-Tester mi einfach ass, huet d’Alice sech schlussendlech fir de Vaccin entscheet. Wéi eng 70 aner Schüler hei aus dem Lycée vu Réiden.
Eigentlech war d’Impfcampagne fir bis zu 200 Schüler geduecht. Den Direkter Jeff Kohnen weist sech awer zefridde mat der Participatioun. Et wieren ëmmerhi 5% vun der Schülercommunautéit. Hien hätt och d’Gefill, datt den Impftaux am Atert-Lycée méi héich wéi 55% wier. Dat kéint och eng Erklärung sinn, firwat elo net de groussen Undrang war.
Positiv ze vermierken ass, well nach genuch Plaze fräi waren, hunn och 3 Mataarbechter aus der Schoul, dorënner 2 Enseignanten, sech e Méindeg impfe gelooss.
Och fir d’mobil Ekippe war den Asaz am Lycée eng Première. Eng Faart an d’Onbekannt, seet d’Kannerdoktesch Dr. Martina Panosetti-Bree. Déi positiv iwwerrascht ass iwwer d’Infrastrukturen, déi d’Schoul am Festsall opgeriicht huet.
A véier Wochen hunn d’Schüler déi e Méindeg geimpft goufen, Rendez-vous an der Schoul fir déi zweet Dosis. 55% vun de gutt 49.000 Secondaire Schüler iwwer 12 Joer si scho géint Covid geimpft. Fir d’Impfcampagne an de Lycéeën déi zwee nächst Wochen hu sech der bis ewell knapp 2.000 ageschriwwen. Dat wier scho mol e Plus vu 4%.