Flucht zu Réimech verhënnert Protokoll netAutomobilist flücht viru Police a beschiedegt dobäi muttwëlleg e Policegefier

Andy Brücker
De Chauffer war de Beamte bekannt an d'Gefier konnt bei him doheem fonnt ginn.
© Laurent Weber

D'Police ass e Sonndeg de Moie géint 4:20 Auer op e Feldwee zu Réimech geruff ginn. Eng Persoun hat gemellt, datt do Jugendlecher géife fëmmen a si hätt Angscht, datt e Feier kéint ausbriechen.

Op der Plaz hunn d'Beamten eng Grupp vu Jugendlechen ugetraff an dës dunn och kontrolléiert. Op der selwechter Plaz ass hinnen och eng wäiss Camionnette opgefall. Wéi de Chauffer d'Police gesinn huet, ass hien direkt fortgefuer. Fir hien ze stoppen, huet d'Police hiren Déngschtwon queesch op de Wee gestallt.

Dat huet de flüchtege Chauffer awer net weider gestéiert... hien ass vir lénks widder de Policewon gefuer an huet sech doduerch genuch Plaz verschaaft, fir laanscht ze kommen.
Well de Policeauto beschiedegt war, a well do och net vill Plaz fir ze manövréiere war, ass dem Chauffer vun der Camionnette d'Flucht gelongen.

Allerdéngs war de Chauffer de Beamte bekannt a si hu méi spéit bei senger Wunneng nogekuckt. Do stoung d'Camionnette dann och am hënneschten Haff an d'Gefier war vir lénks beschiedegt.

De schëllege Chauffer gouf wéinst Rebellioun protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO