Hydrolog Laurent Pfister"Mir mussen eis als Gesellschaft bewosst ginn, wéi kostbar dat Waasser ass"

Bakir Demic
D'Canicullen an Dréchenten aus deene leschte Wochen a Méint hunn net nëmmen eis Mënschen zougesat, mee hunn och hir Auswierkungen op d'Natur. Hei zu Lëtzebuerg leide virun allem d'Baachen a Flëss.
© Domingos Oliveira

Zur Situatioun vum Waasser am Grand-Duché fuerscht ënnert anerem de Laurent Pfister. Hien ass Hydrolog beim Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) a beschäftegt sech mat den Zoustänn vun de sougenannte "Fliessgewässer", also Baachen a Flëss. Schonn am Juni hate mir hien zum Impakt vun der Hëtztwell op d'Gewässer interviewt, do hat et geheescht, wierklech siichtbar Auswierkunge géif ee réischt no e puer Woche gesinn. Entretemps wier dat dann och de Fall:

"Ech ka lo als Beispill d'Äisch zu Hoen soen, wou mer eng Statioun hunn. Déi war zu deem Zäitpunkt nach - fir et lo vereinfacht duerzestellen - an engem orangë Beräich. Dat heescht, dat war schonn net gutt, mee awer och net besuergneserreegend. An déi ass mëttlerweil ganz déif am roude Beräich, also quasi scho bal dréchegelaf. An esou ass et mat villen anere Baachen och. Dat ass net nëmmen de quantitativen Aspekt, deen do eng Roll spillt, mee do huet een dann och eng Erhéijung vun der Waassertemperatur an och de Sauerstoffgehalt hëlt of. Dat heescht, fir déi puer Liewewiesen, déi et iwwerhaapt nach do fäerdegbréngen doranner ze liewen an z'iwwerliewen, gëtt et och vun Dag zu Dag ëmmer méi schwéier fir nach kënne weider ze bestoen."

Et wier dem Laurent Pfister no net nëmmen d'Hëtzt, déi zu esou engem alarmanten Zoustand bäidréit, mee op enger Rei Plazen och e staark ausgepräägte Manktem un Nidderschléi. D'Situatioun vun de Baache mécht dann och net just der Déiere- mee och der Planzewelt ze schafen. Virop d'Bëscher, déi am Fong villes ewechstieche kënnen, leiden duerch déi klammend Heefegkeet an Intensitéit vun de Canicullen an Drécheperioden, erkläert den Hydrolog:

"Wat de Probleem hei ass, dat ass, dass där Episoden ëmmer méi oft hannertenee kommen. Dat muss mol net all Joer sinn, mee dat kann och een, zwee, dräi Joer sinn. Mee et ass awer allkéiers en extreeme Stress fir d'Vegetatioun, fir d'Beem an déi ginn doduercher dann och méi vulnerabel. Dat heescht, si kënne méi liicht krank ginn, si kënne vu Schädlinge befall ginn (...) Zemools och déi Buedemfiichtegkeet-Sensoren, déi mer duerch d'Land installéiert hunn, déi weise wéi staark déi Dréchent och am Buedem selwer ass an net nëmmen an den éischten Zentimeter, mee dat geet mëttlerweil ganz déif erof, 60, 80, 100 Zentimeter an de Buedem. Mat ganz grousse Crevassen och, déi deelweis sou breet si wéi den Aarm vun engem Mënsch. Dat ass scho spektakulär."

E klenge Virdeel, dee Lëtzebuerg huet, ass jo de Sandsteen ënnert dem Buedem, dee wéi ee Schwamp d'Waasser ophëlt, dat duerch de Buedem sickert, an nees ofgëtt. Huelen d'Hëtzt- an Drécheperioden an hirer Längt an Heefegkeet op Dauer awer zou, sou ass fir de Laurent Pfister kloer, datt och dat Auswierkungen op d'Effikassitéit vum Sandstee wäert hunn. Et misst een allerdéngs differenzéieren, tëscht Zort an och Déift:

"Jee no deem wéi déif dee Sandstee geet, huet een och eng méi laang Openthaltszäit (...) Mir hu verschidden Techniken, fir den Alter vum Waasser ze moossen, wëll heeschen: déi Zäit, déi vergeet vun deem Moment u wou et gereent huet, bis datt d'Waasser an der Baach oder an der Quell ukënnt. An dat kënnen deelweis 10, 20, 30 Joer sinn. Dat heescht, direkt si se lo net sou sensibel op esou Episode wéi dat hei, mee wann déi sech vermehren, wat jo awer de Moment definitiv de Fall ass, dann ass et onweigerlech esou, dass si och wäerten iergendwa Symptomer weisen, am Sënn vun engem Debit, deen offält an deene Baachen."

Fir d'lescht hat d'Waasserverwaltung am Juli jo en Opruff zu méi Spuersamkeet am Ëmgang mam Drénkwaasser erausginn, ma an engem rezenten Interview mam 100,7 och eng kleng Entwarnung ginn a betount, d'Reserven hätte sech liicht entspaant. Och fir de Laurent Pfister géing et net duergoen, wéinst eenzelen Dréchen- an Hëtztperioden direkt vun enger gréisserer Noutlag ze schwätzen. Mee och hei wier et nees d'Reegelméissegkeet, an där dës Perioden optrieden, déi an Zukunft fir eng méi kritesch Situatioun suerge kéint. Problemer mécht dann och de Reen, deen iwwer d'Joer gekuckt net ze seelen, mee éischter ze ongläichméisseg verdeelt fält. Also wärend gewëssene Perioden immens intensiv an heefeg a wärend anere kaum. Duerch all dës Elementer wier dee "ganzen Equiliber gestéiert, wou sech d'Grondwaasserreserven net méi anstänneg kënnen opfëllen. Dat heescht, dat ass e Cocktail vu ville Parameteren, vu ville Facteuren, déi dozou féieren, dass dat ëmmer méi zu enger Stresssituatioun gëtt."

Wat muss geschéien, fir dass sech Lëtzebuerg an Zukunft besser preparéiert a méi resilient en Face vun dësen Erausfuerderungen opstellt? Fir de Laurent Pfitzer ass kloer, datt et bannent der Gesellschaft en Ëmdenken, respektiv e bessert Bewosstsi fir de Wäert vum Waasser bräicht. Den Hydrolog weist sech "iwwerrascht" iwwert de Liichtfank, mat deem dacks mat der Ressource ëmgaange gëtt, besonnesch nom Summer:

"Mir mussen eis als Gesellschaft bewosst ginn, wéi kostbar dat Waasser ass an dass mer spuersam domadder ëmginn (...) Soubal de Summer eriwwer ass, de Wanter kënnt, d'Deeg si gro, se si fiicht a jidderee mengt: 'eis wäert et schonn net u Waasser feelen' an de Misär geet ëmmer rëm lass bei der nächster Drécheperiod. Et ass e bësse wéi bei den Iwwerschwemmungen".

Et bräicht eng "Prise de conscience" fir méi laangfristeg ze denken an ze plangen, beispillsweis andeems ee Reserven uleet oder méi dezentraliséiert schafft, esou de Fuerscher. Doriwwer eraus wieren dann och individuell Efforten a Kompromësser vu jidderengem noutwenneg, och wann déi "heiansdo onbequeem sinn". Schlussendlech wier et och eng Saach vun Upassung: Westeuropa geséich sech ëmmer méi dacks mat ëmmer méi Extreemer konfrontéiert, déi een esou bis ewell nach net erlieft hätt an deementspriechend misst ee sech un nei Ëmstänn adaptéieren: "Mee dat ass absolut machbar. Et huet och elo kee Wäert fir do Panik ze maachen. Dat bréngt éischtens mol guer näischt an zweetens ginn et Léisungsusätz, fir esou Situatiounen och ze geréieren. Mee et muss ugaange ginn", esou nach de Laurent Pfister.

Fannt hei nach emol de Sonndesinterview aus dem Juni mam Hydrolog Laurent Pfister:

Back to Top
CIM LOGO