"Je suis Gaza" oder "La paix ne peut pas se faire à travers l'occupation" ware Sloganen, déi op Schëlder op der Place de l'Europe ze liese waren, ier d'Manifestanten a Richtung Place Clairefontaine an d'Stad getrëppelt sinn.
De Comité pour une paix juste au Proche Orient hat d'Leit opgeruff, e Samschdeg op d'Strooss ze goen, fir hir Ënnerstëtzung fir d'Palästinenser auszedrécken. Nieft engem Waffestëllstand gëtt och den Accès op humanitär Hëllefe verlaangt.