
Bei der neister Versioun vun der “Blackout-Challenge”, et gouf där scho méi an de leschte Joren an diverse soziale Medien, geet et drëms, datt eng Persoun esoulaang d’Loft unhält, bis se schwaachfält. Dës “Challenge” ass an de leschte Wochen nees ëmmer méi present an de soziale Medien, haaptsächlech awer op TikTok, wou User aner User opfuerderen, dëst nozemaachen an de Video dono selwer ze deelen.
Dës Iddi ass awer net nei, mä just aktuell nees am Trend. Schonn zanter 2008 gouf et ëmmer nees sougenannten “Blackout-Challenges” och nach “Choking-Challenge” genannt. Experte warnen awer, datt een dës Challenge net matmaache soll. Eleng an den USA sinn iwwer 80 Leit zanter 2008 un de Suitten dovunner gestuerwen. Awer och staarke Kappwéi an aner méi schwéier Blessuren, deemno wéi ee fält oder wéi ee sech stranguléiert, kënne Suitte vum Nomaache vun dëser Challenge sinn.
TikTok ass och am Gaang, déi Videoen, déi mat der Challenge zesummenhänken, op der Plattform ze spären respektiv se guer net online goen ze loossen an och d’Sichfunktioun gouf esou ëmgebaut, datt een näischt soll fannen, wann een no “Blackout Challenge” sicht.