Viru Wale fält de Bléck no hannen direkt op eng komplett Legislaturperiod. E Méindeg war et un der LSAP.
Vu Covid bis bei de Krich an der Ukrain. Et hat een d’Impressioun, dass ee vun enger Kris an déi aner gefall ass, esou de sozialistesche Fraktiounschef Yves Cruchten.
Lëtzebuerg wier gutt aus der multipeller Kris erauskomm, op alle Fall besser, wéi déi meescht aner Länner. Et gouf wéi erwaart eng weider Lanz fir den Indexsystem gebrach, derbäi eng Bonne Nott fir d’Gestioun a Saache Santé.
Déi grouss Erausfuerderung fir no de Walen ass d’Sich no engem gesonde Wuesstem an d’nohalteg Gestioun dovun, esou den Yves Cruchten. “De Wuesstem, dee schaaft natierlech och Problemer, mir gesinn dat all Dag am Verkéier, bei de Logementspräisser, beim Generatiounevertrag, mir gesinn et wat eis Klimaziiler ugeet. Dofir ass et ëm sou méi wichteg, dass, wa mir Wuesstem schafen, da generéiert dee jo och Einname fir de Staat, an da musse mer mat engem Deel vun deenen Einnamen, och deene Konsequenzen entgéinttrieden. Dat ass eppes, wat an deene leschte Joerzéngten heiheem net richteg ugepaakt ginn ass. De Wuesstem generéiert Recetten, mä mir huelen ze wéineg dovunner, fir op d’Konsequenze vun deem Wuesstem ze reagéieren.”
E puer Punkten erausgepickt:
Beim Logement bleift d’LSAP bei hirer Fuerderung vun engem grousse Logementsdësch mat allen Acteuren, déi zesumme sollen un engem Aktiounsplang schaffen.
Ee weidert Zil ass eng grouss sozialgerecht Steierreform. D’LSAP steet weider zur Grondsteier, der Mobiliséierungssteier an och der Verméigenssteier, net awer zur Ierfschaftssteier.
Am Dossier Steiere gouf et eng Pick un d’Adress vun der CSV. Déi an hire Spëtzekandidat Luc Frieden géife manner Steiere fir Jidderee verspriechen, keng nei, oder esou guer manner Scholden an och kee grousse Spuerplang. Dat géif net klappen. Et kéint een net alles an egal wat bei dëse Wale verspriechen.
Tëscht den Zeilen huet een eraushéieren, dass d’LSAP sech an der aktueller Dräierkonstellatioun wuel fillt.