Pompjeesasaz um LampertsbiergBrand an engem Appartement an der Avenue de la Faïencerie

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë goufen e Méindeg de Mëtteg geruff, well et um Lampertsbierg an engem Zëmmer gebrannt hat. Et gouf kee blesséiert.
© Domingos Oliveira

Den Asaz huet zu Perturbatiounen am Trafic gefouert, d'Strooss ass awer nees fir de Verkéier op. Op der Plaz waren d'Stater an d'Hesper Pompjeeën.

Gebrannt hat et och zu Baastenduerf op engem Chantier. Do hat eng mobil Heizung Feier gefaangen. D'Pompjeeë vun Tandel an Dikrech waren am Asaz.

Geknuppt hat et e Méindeg de Mëtteg um CR181 tëscht dem Briddel a Bäreldeng. 2 Autoen waren hei am Coup. 2 Persoune goufe bei der Kollisioun verwonnt.

Op der Gare an der Rue Fort Wallis krut e Gefier géint 13 Auer e Foussgänger ze paken. Hei ass de Bilan 1 Blesséierten. Sur place waren d'Stater Ambulanz a Pompjeeën.

Back to Top
CIM LOGO