BiissenBrand an engem Haus war séier ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
Kee Mënsch ass beim Feier zu Schued komm.
© Klautjen

Zu Biissen an der Béiwener Strooss huet et an der Mëttesstonn an engem Haus gebrannt.

Déi lokal Pompjeeën haten dat Feier  séier am Grëff. Et koum awer zu enger Dampentwécklung an et huet misste gelëft ginn.

Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO