
Fir de Kamäin-Brand waren d’Rettungsekippe vun Déifferdeng, Käerjeng a Péiteng am Asaz an hunn d’Strooss ofgespaart. Blesséiert gouf keen, d’Feier ass entretemps och nees ënner Kontroll.
Um Houwald an der Rue des Scillas gouf iwwerdeems e Freideg de Moien géint 8.30 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. De Foussgänger gouf dobäi blesséiert, eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.
Géint 11.28 Auer koum et op der N7 tëschent der Lëpschter-Dellt an Houschent zu engem Accident mat zwee Gefierer woubäi 3 Persoune blesséiert goufen. D’Rettungsekippe vun der Nordstad, Wolz, Ettelbréck a Buerschent waren hei am Asaz.
E weideren Accident mat zwee Gefierer gouf et um 14.39 Auer an der Rue Romain Fandel zu Esch. Hei gouf et ee Blesséierten.