CGDISBränn zu Fréiseng an zu Altwis - kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Zu Fréiseng an der Lëtzebuerger Strooss gouf e Méindeg kuerz virun 23 Auer en Hausbrand gemellt.

D’Pompjeeë vu Fréiseng goufe vun hire Kolleege vun Hesper, Uespelt a Weiler ënnerstëtzt. Et blouf beim Materialschued.

En Zëmmerbrand, bei deem kee blesséiert gouf, gouf et och kuerz no 1 Auer en Dënschdeg zu Altwis. Och hei waren d’Uespelter Pompjeeën an déi vu Munneref gefuerdert.l

Back to Top
CIM LOGO