PoliceBrigang gepëtzt, Moto zu Diddeleng an Auto zu Esch geklaut

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Persounesich no engem gemellten Déifstall zu Esch an engem Restaurant konnt de presuméierten Täter e Sonndeg den Owend gestallt ginn.
© Police

Wéi d’Police präziséiert, konnt de geklaute Contenu vun der Keess no enger Fouille séchergestallt ginn. Géint de Mann gouf eng Plainte gemaach.

Zu Diddeleng gouf e Méindeg de Moien tëscht 6.30 an 6.45 Auer e Moto geklaut. D’Gefier stoung an engem Passage laanscht d’Haus an der Rue de l’Indépendance geparkt. Et handelt sech ëm e schwaarz-groe Moto vun der Mark Yamaha, Modell MTN 850-D mat de Lëtzebuerger Placke BZ4901.

All Informatioun ass fir d’Police vun Diddeleng um (+352) 244 69 1000 oder per E-Mail op police.dudelange@police.etat.lu.

Weider mellt d’Police nach, dass de Weekend vum 18. an 19. September tëscht 20 an 9.15 Auer en Auto aus enger Garage an der Rue Ferdinand Nothomb zu Esch geklaut gouf. Et handelt sech heibäi ëm e roude Mercedes, Modell B220 D mat de Lëtzebuerger Placken AD5833. Hei sinn d’Informatioune fir d’Escher Police um (+352) 244 50 1000 oder per E-Mail op police.esch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO