
D’Beamten hunn de presuméierten Täter fonnt an duerchsicht. Dobäi goufe geklaute Spirituosen a Bijoue séchergestallt. Op Uerder vum Parquet koum de Mann virun de Untersuchungsriichter. Deen huet de presuméierten Täter verhafte gelooss. Hie koum op Schraasseg.
Weider Abréch gouf et an der Areler Strooss zu Stroossen. Do war am Laf vun e Mëttwoch eng Fënster opgebrach ginn. Den oder d’Täter sinn esou an d’Gebai erakomm an hunn do versicht an e puer Kelleren anzebriechen.
Och an der Stroossbuerger Strooss an der Stad gouf eng Wunnengsdier opgebrach. An der Wunneng goufe Bijouen an aner Wäertgéigestänn geklaut. D’Dier an d’Schlass goufen eminent beschiedegt, respektiv zerstéiert, wéi d’Police nach präziséiert.
D’Police mellt dann nach e versichten Abroch e Mëttwoch den Owend géint 22 Auer am Val des Romains um Briddel. D’Hausbewunner waren duerch Geräischer un hirer Garagendier wakereg ginn an hunn d’Brigangen op frëscher Dot erwëscht, déi dono geflücht sinn. Si hu sech mat héijer Vitess mat engem Gefier a Richtung Koplescht ewech gemaach. Eng Sichaktioun vun e puer Patrulle war ouni Succès.
En Dënschdeg scho gouf et weider Abréch an der Mamer Strooss zu Bartreng. Tëscht 18 an 23 Auer waren Onbekannter an zwou Wunnenge geklommen an hunn do Wäertgéigestänn matgoe gelooss. Si sinn no der Dot geflücht. Och hei konnten d’Täter nach net gepëtzt ginn.
An alle Fäll wär d’Spueresécherung informéiert ginn an et gouf Plainte gemaach.