
Déi dräi Täter, wéi d’Police schreift selwer jonk Persounen, hätten d’Affer opgefuerdert, hinnen hir Handyen ze ginn. Eent vun den Affer hat refuséiert an gouf doropshin op de Buedem geworf an zerschloen. Kuerz drop hunn d‘Täter d‘Wäertgéigestänn geklaut a sinn fortgelaf. Et gouf eng Plainte gemaach.
Donieft mellt d’Police nach verschidden Abréch, datt an en Appartementshaus zu Stroossen an Eefamilljenhaiser zu Féiz, Bouneweg a Réiser. D’Police präziséiert an deem Kader, datt ee op hirer Internetsäit Rotschléi, wéi een Abréch virbeuge kann, fënnt.