
D'Chambre des Salariés begréisst, dass am Staatsbudget weider héich Investissementer virgesinn si. Grad an dëser schwiereger Zäit wär et wichteg, dass de Staat net probéiert ze spueren, esou d'Presidentin vun der Salariatskammer, Nora Back, en Donneschdeg de Moien op enger digitaler Pressekonferenz. Do gouf et awer och vill Kritik. Dëse Budget géif näischt géint déi sozial Ongerechtegkeete virgesinn.
D'Chambre des Salariés stéiert sech un der Aféierung vun der CO2-Steier. D'Transparenz géif ganz einfach feelen. D'Regierung hätt keng Explikatioune geliwwert, wat se der Ëmwelt konkret bréngt a wéi en Impakt se op d'Konsumverhalen huet.Wat geschitt mat de Recetten, freet sech den Direkter vun der Salariatskammer, Sylvain Hoffmann.''Et ass ëmmer gesot ginn, dass 50 Prozent vun den zousätzleche Recettë benotzt ginn, fir déi sozial Kompenséierungen. Ass dat wierklech de Fall? Mir hu souwisou ëmmer gemengt, dat misst integral benotzt ginn, fir deene sozial-schwaachen ënnert d'Äerm ze gräifen. Dat ass och vun enger Rei vun internationalen Experten esou ëmmer gesi ginn, fir dass déi sozial Akzeptanz vun esou enger Steier och do ass. Dat kann een hei einfach net richteg novollzéien. Et stellt ee sech esouguer d'Fro, ob et net an engem gewësse Sënn eng Ëmverdeelung vun ënnen no uewe gëtt.''
D'Mesuren, mat deenen de Steierzueler soll kompenséiert ginn, wären net wierklech sozial, kritiséiert den Direkter Sylvain Hoffmann. Beispillsweis soll d'allocation vie chère nach eng Kéier ëm 10 Prozent klammen. Dem Sylvain Hoffmann no wär dat keng Kompenséierung. D'Chambre des Salariés fuerdert nämlech scho méi laang, dass déi allocation vie chère misst eropgoen an zwar ëm 19 Prozent.
Grad ewéi dass d'CO2-Steier am Index neutraliséiert gëtt. A Propos Index. D'Kannergeld misst nees do dran, fuerdert d'Chambre des Salariés, nodeems et dann opgewäert gi wär.
D'Regierung huet steierlech Mesurë geholl, fir ganz gutt situéiert Leit méi an d'Responsabilitéit ze huelen. D'CSL begréisst dat, och wann dat net géif duergoen. Op d'mannst fir de Plang, fir vill ze investéieren, kritt d'Regierung luef. Der Chambre des Salariés no misst virop an de Klimaschutz an an an e Paradigmewiessel am Spidolsplang investéiert ginn. Am Gesondheetssecteur dierft et net drëms goen, esou mann ewéi méiglech Better ze hunn, a mat esou mann ewéi méiglech Personal iwwer d'Ronnen ze kommen. Dat géif schonn an normalen Zäiten net gutt goen, esou den CSL-Direkter Sylvain Hoffmann.
A wéi strapazéiert d'Situatioun an de Spideeler den Ament ass, seet den Direkter vun der Salariatskammer, gesäit ee jo elo gutt.
