Conseil national des finances publiquesBudget: "Sputt" besser definéieren

RTL Lëtzebuerg
An der Evaluatioun vum Budgetsprojet fir d’Joer 2020 huet de CNFP festgestallt, datt fir d’Joren 2020 bis 2022 d’ëffentlech Verwaltung d’Objektiver erfëllt
D’Staatsfinanzen halen d’europäesch Budgetsreegelen an
An der Evaluatioun vum Budgetsprojet fir d’Joer 2020 huet de CNFP festgestallt, datt fir d’Joren 2020 bis 2022 d’ëffentlech Verwaltung d’Objektiver erfëllt

Trotzdeem seet de Conseil, d’Regierung soll méi virsiichteg sinn.

Engersäits ginn et eng Rei Inkoherenzen an de Previsiounen. Donieft misst d’Regierung kloer festleeën, wéi vill Sputt se huet fir hir grouss Projeten. Weder bei der grouss annoncéierter Steierreform, nach beim Klimapak wéisst een den Impakt op d’Budgetszuelen.

Dem President vum CNFP dem Romain Bausch no wier et besser, wann d’Regierung relativ fréi an der Legislatur eng Enveloppe géing definéieren.

Back to Top
CIM LOGO