
De Buergermeeschter vun der Ärenzdall Gemeng André Kirschten huet seng Demissioun matdeele gelooss, hien hält aus gesondheetleche Grënn op. Den André Kirschten war Buergermeeschter vun Iermsdrëf iert d’Fusioun mat Miedernach war. Wien neie Buergermeeschter vun der Ärenzdall Gemeng gëtt ass nach net gewosst. D’Fusiounsgemeng huet laut Statec 2.670 Awunner.
Monsieur André Kirschten me prie de bien vouloir vous informer de sa démission comme bourgmestre de la commune de la Vallée de l’Ernz pour des raisons de santé.