
E Bus fir touristesch Visitten an e Camion krute sech géint 11.40 Auer op der Héicht vun der Place de Metz ze paken. Eng Spuer war fir den Trafic gespaart.
Well de Bus an de Camion d’Tramslinn blockéiert hunn, huet de Verkéier do och missten ënnerbrach ginn, bis d’Gefierer fortgeraumt waren. Wéi d’Police géint 14 Auer mellt, goufen zwou Persoune beim Accident liicht blesséiert a missten an d’Spidol bruecht ginn.