
De Mann gouf vun anere Leit ronderëm festgehalen. D’Police huet en dunn iwwert d’Nuecht an de Passagearrest bruecht.
An der Rue de Bastogne zu Bidscht gouf e Freideg den Owend géint 20 Auer een alkoholiséierte Chauffer aus dem Verkéier gezunn. D’Police hate den Automobilist gemellt kritt. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin fort.
An der Rue du Fort Neipperg an der Stad war dann nach e Freideg kuerz virun 18 Auer eng Persoun ouni Permis ënnerwee. Op engem Zeebrasträife war et zu enger Kollisioun tëscht dem Auto an enger Foussgängerin komm. Bei der Kontroll huet d’Police dunn erausfonnt, datt de Mann hannert dem Steier net am Besëtz vun engem valabele Fürerschäin war. De Chauffer krut e Protokoll.