Zënter Juni existéiert de Mieterschutz offiziell a landeswäit als Asbl. Déi Benevol setze sech awer schonn zënter engem Joer fir all déi Leit an, déi entweder ënner mënschenonwierdege Konditioune wunnen, oder déi hiert Doheem musse verloossen, well se rechtméisseg gekënnegt kruten, oder vum Proprietär ënner Drock gesat ginn.
Am Virfeld vun der Manif fir de Logement den nächste Weekend huet d'Asbl déi Concernéiert nach emol op eng Consultatioun invitéiert. Et wéilt ee genee wëssen, wat d'Problemer sinn, erkläert d'Vizepresidentin vum Mieterschutz Aldina Ganeto, déi sech net eleng op déi offiziell Gremie wëllt verloossen.
Nächste Samschden, 10. Oktober geet d'Maniff um 14 Auer um Glacis fort, bis op den Aldringer. Am Viséier si virun allem déi sougenannt Cafés-Zëmmer, déi fir ganz héich Loyere verlount ginn, an dacks deenen normale Qualitéitsuspréch net entspriechen.