13.000 Liter Masutt geluedenCamion am Ausgang vun Useldeng muss no Accident stabiliséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Rue de Boevange op der N22 am Ausgang vun Useldeng a Richtung Béiwen ass e Camion vun der Strooss ofkomm, deen 13'000 Liter Masutt gelueden huet.
© Domingos Oliveira / RTL

De Camionschauffer ass vun der Strooss ofkomm an huet säi Gefier widdert enger Leitplank ofgestallt. Déi huet awer ugefaangen nozeginn, wouropshin de Camion fir d'éischt huet musse stabiliséiert ginn, éier e konnt depannéiert ginn.

© Domingos Oliveira / RTL

D'Streck war wärend dësen Aarbechte fir den Trafic gespaart.

Back to Top
CIM LOGO