CollectriceCamion, Bus a Camionnette krute sech ze paken

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moien huet et uechter d'Land direkt e puer Mol geknuppt.

Op der A13 a Richtung Péiteng tëscht dem Tunnel Éilereng an dem Tunnel Aessen sinn 3 Gefierer kuerz virun 8 Auer net laanschtenee komm. Am Coup war e Camion, e Bus an eng Camionnette, 1 Persoun gouf verwonnt.

E weidere Blesséierte gouf et e Freideg de Moien zu Hollerech an der Escher Strooss. Wéi de CGDIS schreift, sinn hei e Moto an en Auto kollidéiert. De Bilan ass 1 Blesséierten.

Géint 7.34 Auer gouf et en Accident op der Nordstrooss a Richtung Stad, op der Bretelle fir op d'Tréierer Autobunn. 2 Autoe sinn hei aneneegerannt. 1 Persoun gouf blesséiert.

Donieft hunn d'Pompjeeë missen zu Wolz an der Rue Grand-Duchesse Charlotte intervenéieren, well e Keller gebrannt hat.

Back to Top
CIM LOGO