
RTL-Informatiounen no war de Camion mat Camembert belueden. D’Rettungsekippe vu Jonglënster waren op der Plaz. Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert.

Kuerz no 8 Auer gouf et um Stater Boulevard d’Avranches e Feier an engem Keller. Blesséiert gouf hei awer keen.
An der Grand-Rue zu Réiden un der Attert waren déi lokal Pompjeeë géint 15.09 Auer wéinst engem Feier op engem Chantier am Asaz.
Och hei gouf et keng Blesséierter, dofir awer kuerz viru 16 Auer op der RN13 tëschent Wickreng an Éileng, wou eng Persoun vun engem Gefier ugestouss gouf. D’Rettungsekippe vu Monnerech an Esch waren op der Plaz.