
Eng Camionnette an den Tram hu sech op der Paräisser Plaz ze pake kritt, woubäi och e Potto beschiedegt gouf. Eng Persoun am Tram soll gefall sinn a wier dobäi liicht blesséiert ginn. Um Tram gesäit ee gréisser Schied, dorënner Schréipsen an eng futtis Fënster.
D’Police war op der Plaz. Wéinst dem Accident koum et vun der Uewerstad a Richtung Stad zu engem Stau. Et soll een d’Plaz am beschten evitéieren.