Zeienopruff vun der PoliceCamionnette stéisst Persoun an der Stad un

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochmoie géint 6.45 Auer huet an der Stater Avenue Charles de Gaulle eng wäiss Camionnette ee Foussgänger ugestouss an ass weidergefuer.
© Archiv

Géint 6.45 Auer ass et e Mëttwoch an der Stad zu engem Accident komm. An der Avenue Charles de Gaulle op der Héicht vun engem Zeebrasträifen tëscht dem Boulevard d’Avranches an der Rue du Laboratoire gouf ee Foussgänger vun enger wäisser Camionnette vun der Mark VW ugestouss. De Chauffeur vun der Camionnette huet sech nom Tëschefall direkt an onbekannte Richtung duerch d’Bascht gemaach. De Foussgänger gouf blesséiert a fir eng medezinesch Kontroll an d’Spidol bruecht.

Zeien, déi eppes zum Accident oder enger wäisser VW-Camionnette soe kënnen, solle sech um 113, iwwert d’Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 oder per Mail un d’Adresse Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO