
An enger Rietskéier ass d'Camionnette vun der Strooss ofkomm, ass an e Gruef geroden a gouf doropshin ausgehiewelt.
De CGDIS mellt, dass eng Persoun blesséiert gouf. Den automateschen Noutruff-System "eCall" war ausgeléist ginn.
Géint 15.30 Auer gouf et dunn nach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Donkels an der Bastnicherstrooss. Hei blouf et beim Materialschued.