
E Camionschauffer hat do aus bis elo ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass den Talus erofgefuer a schlussendlech op d’Säit gekippt. De Camionneur gouf beim Accident blesséiert a koum an d’Spidol. D’Charge vum Camion ass op en zweete Camion verluede ginn, iwwerdeems d’Police den Trafic geréiert huet.