
Dobäi solle virun allem d’Fueren ënner Alkoholafloss a mat ze héijer Vitess am Fokus stoen.
An deem Kontext erënnert d’Police dann och dorun, dass 2021 bei 17 Prozent vun de schwéieren an 33 Prozent vun den déidlechen Accidenter Alkohol am Spill war.
Iwwerdeems huet d’Police eng Partie Tuyauen, fir d’Leit, déi op de Fuesbaler ënnerwee sinn. Esou sollt ee seng perséinlech Saachen déi ganzen Zäit am A behalen an op Täschendéiwen oppassen. Ausserdeem, sollt een oppassen, dass keen engem eppes an d’Glas mécht. Wann engem eppes Verdächteges opfält, sollt een dat um 113 mellen.