Pilgere bei FatimaCamping laanscht Streck verbueden - Och weider Reglementer zielen

RTL Lëtzebuerg
An engem Communiqué huet d'Police u verschidde Reglementer erënnert, déi dat ganzt Joer, ma och wärend der Fatima-Pilgerung gëllen.
© Domingos Oliveira

Esou ass et verbueden, fir an der Ëmgéigend vun der Route Nationale am Heischtergronn, an der Montée de Heischent, respektiv laanscht d’Pilgerstreck ze campéieren. Weider erënnert d’Police och drun, datt et verbueden ass, mat motoriséierte Gefierer ausserhalb vun de Routen, déi virgesi sinn, ze fueren. An och gëllt et, d’Gesetzer vum Naturschutz anzehalen, grad wat d’Ewechgeheie vum Dreck ugeet.

© Domingos Oliveira

Op Nofro vun RTL huet d’Police confirméiert, datt et net déi éischte Kéier ass, datt et verbueden ass, am an ëm den Heischtergronn ze campéieren. Am Grand-Duché, esou heescht et vun der Police, brauch een d’Autorisatioun vum Proprietär, egal ob Gemeng oder Privatpersoun, fir op engem Terrain ze campéieren.

Donieft stinn am Naturschutzgesetz nach verschidde spezifesch Zousätz, wou et ëm Roulotten oder d’Méiglechkeet, dobaussen ze iwwernuechten, geet. Et wier awer och wichteg, heescht et vun der Police, datt ee sech d’Sécherheetssituatioun ukuckt, wann een zum Beispill direkt nieft enger Strooss campéiert.

D’Police hätt och schonn déi leschte Jore verschidde Beräicher an der Regioun ofgespaart, dëst Joer gëtt dat esouguer nach op den Heischtergronn ausgebaut.

© Domingos Oliveira

Et wäerten dann och Beamten e Mëttwoch an en Donneschdeg an de betraffene Géigenden ënnerwee sinn a preventiv virgoen. Sollte Verstéiss festgestallt ginn, huet dat dann och déi entspriechend Konsequenzen, esou de Pressebüro vun der Police.

Fir e gudden Oflaf ze garantéieren, réit d’Police de Pilger, datt si zu Wolz hir Gefierer op de Parkingen ofstellen a sech un dat halen, wat si vun de Beamten op der Plaz gesot kréien. Dës si souwuel op der Plaz, fir de Pilger vun dësem Evenement ze assistéieren awer och, fir den Ordre public ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO