
Den Fliger ass en Dënschdeg den Owend um 20.30 Auer um Findel Direktioun Südafrika gestart, iwwert dem Mëttelmier dunn huet d’Maschinn d’Kéier gemaach an ass zréck op Lëtzebuerg geflunn. Wéi Cargolux eis confirméiert huet, war e Wiederradar ausgefall. Iwwer Afrika goufen Donnerwiedere gemellt, aus Sécherheetsgrënn gouf dunn decidéiert ëmzedréinen.
Iwwert dem Grand-Duché ass d’Boeing 747 annerhallef Stonn laang am Krees geflunn, fir Keroseng ze verbrennen, d’Maschinn wier soss ze schwéier gewiescht fir d’Landung um Findel. Wéi Cargolux nach präziséiert huet, gouf kee Keroseng iwwer Lëtzebuerg ofgelooss.
Tëscht Ettelbréck an dem Stauséi ass de Fliger an 3.000 Meter Héicht 12 Mol eng Schläif geflunn, ier d’Maschinn um 1.10 Auer nees sécher um Findel gelant ass.
