Vun e Freideg u gëllt dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten, dat jo viru Méint fir vill Diskussioune gesuergt hat. D'Geschäfter däerfen dann - ouni Conditiounen - an der Woch vu moies 5 Auer bis owes 21 Auer op hunn, de Weekend a Feierdeeg bis owes 19 Auer. Wat ännert nach? Wéi vill wäert dervu profitéiert ginn? An hëlleft dat de Betriber?Dat froe mer d'Carole Muller en Donneschdeg de Moien. Si ass d'Presidentin vun der "Luxembourg Confederation" an d'Cheffin vun de Fischer-Bäckereien. Den Interview mat eiser Invitée vun der Redaktioun ass wéi gewinnt live um 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.