Lëtzebuerg huet sech d’Inklusioun an der Schoul zwar op de Fändel geschriwwen, mä an der Praxis kënnt d’Hëllef awer net ëmmer do un, wou se gebraucht gëtt.
D’Konklusioun: eng latent Iwwerfuerderung an Onzefriddenheet op ville Säiten. Souwuel bei de betraffene Familljen, wéi bei den Enseignanten.
Wat leeft schif am System? Wéi kann een de Kanner a Jonker wierklech hëllefen, déi no Hëllef jäizen? Wou muss nogebessert ginn, fir datt Inklusioun funktionéiere kann?
Dat schwätze mer de Moien mat der Directrice vum SCAP Cathy Mangen. Si ass eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.