Dat aalt Maintenance-Gebai vun den CFL gëtt ofgerappt. Et datéiert aus dem Joer 1946 an ugangs huet d'Lëtzebuerger Eisebunn Wueren an dëser Hal stockéiert.
Zum Schluss goufen hei Formatiounen ofgehalen an en Zuch-Simulator stoung an dësem Gebai. Zanter September schaffen riseg Maschinnen op dësem Terrain.
D'CFL-Gebai gëtt net einfach esou an e Koup geheit, mä an e puer Phasen demoléiert. Am Februar/Mäerz sollen dës Aarbechten ofgeschloss sinn. Käschtepunkt: ronn 577.000 Euro.
Op dëser Plaz entsteet eng nei Strooss: D’N3.