CSV-BilanChamber verkënnt zu engem Dialogue de sourds

Annick Goerens
D'CSV huet e Méindeg de Mëtteg een éischter schlechte Bilan vun dem leschte parlamentaresche Joer gezunn.
CSV-Bilan: Chamber verkënnt zu engem Dialogue de sourds
D'CSV huet en Dënschdeg de Mëtteg een éischter schlechte Bilan vun dem leschte parlamentaresche Joer gezunn.

CSV-Bilan / De Reportage vum Annick Goerens

Et hätt ee sech als Oppositiounspartei zwar mat ville Gesetzespropositiounen an Amendementer wéilte konstruktiv an d'Regierungspolitik abréngen, ma wa carrement guer näischt géing zeréckbehale ginn, da géing d'Chamber zu engem Dialogue des sourds verkommen. Ugefaange mam rezentste Beispill wärend dem Etat de crise.

Et hätt een d'Regierung natierlech an der schwéierer Zäit am Ufank vun der Corona-Kris wëllen ënnerstëtzen. Konstruktiv, ma och kritesch a verantwortungsvoll hätt d'CSV dofir den Etat de crise matgestëmmt, fir der Regierung all d'Moyenen ze ginn, fir séier ze reagéieren, erkläert d'CSV-Fraktiounscheffin Martine mat hire Wieder als fréier Direktesch vun der Akerbauschoul.

Wat awer schued ass: wei se eis Stëmm do bis haten, war et mat der Union nationale, déi sou grouss geprise ginn ass, relativ séier eriwwer an et war u sech dat selwecht wéi d'lescht Joer, wou mer hei bei der Pressekonferenz waren an do hunn ech gesot gehat, et wier kee Respekt virum Parlament. Mir ginn u sech nach ëmmer nëmmen ugesinn als Stëmm-Véi. An dësem Fall Stëmm-Véi fir den Etat de crise an duerno sinn mer Quantité négligeable. Bein, ech muss soen, zumindest do ass d'Regierung koherent.“

Nieft der Gesondheetspolitik hätt sech d'CSV an hirer Oppositiounsaarbecht dat lescht Joer iwwer haaptsächlech op de Logement konzentréiert. Et hätt een am Ganzen 11 Gesetzpropositiounen a 16 Amendementer bannent engem Joer gemaach. Méi wéi d'Majoritéit an hirer Oppositiounszäit bannent enger Legislaturperiod hikritt hätten, sou heescht et vun der CSV. Geschitt wär trotzdeem näischt an d'Präisser géinge weider klammen.

„Ënnert der Leedung vum Marc Lies hu mer zum Beispill proposéiert, fir méi gënschtege Wunnraum ze kréien, bei enger Perimeter-Erweiderung vu mindestens 60 Prozent abordabele Wunnraum. Mir haten och d'Propos gemaach, fir ee Miet-Optiounskaf, fir méi Bauland och z'erschléissen, doduerch, dass op Plaze kéint méi dicht a méi héich gebaut ginn, respektiv d'Plans sectoriels logement ëmzeänneren. Wéi gesot, d'Regierung huet eis Proposen einfach ignoréiert. Dat wär jo vläicht och nach net esou schlëmm, wa vun hirer Säit vill komm wär, mä do ass leider net vill komm, mat der Konsequenz, dass d'Präisser beim Logement an d'Onendlecht klammen.“  

Donieft huet déi gréissten Oppositiounspartei dann och d'Intransparenz vun der Regierung nach emol kritiséiert. Am aktuelle Kontext géing een nach ëmmer net wëssen, wou d'Clustere sinn an och de Finanzminister Pierre Gramegna stoung am Viséier vun de Chrëschtlech-Sozialen. Hien hätt Enn Juni fir iwwer 350 Milliounen Euro Scholdzertifikater ausgestallt, ouni d'Chamber am Virfeld doriwwer z'informéieren. Dat bei Staatsfinanzen, déi och scho virun der Covid-Kris net ideal waren. Dat géing awer dat Ganzt Parlament eppes ugoen, sou den CSV-Deputéierte Gilles Roth.

De Gilles Baum

„Et gouf nach ni sou eng héich Schold ausgestallt wéi elo. An déi Schold, déi wäert nach weider an d'Luucht goen. A mir hu sou déi grouss Angscht, dass duerno nees de berüümte Mëttelstandsbockel, dass déi erëm eng Kéier musse bockelen, fir déi ganz Situatioun do auszebigelen. Elo kënnt der soen, ma wat waren dann d'Propose vun der CSV? Mir haten der kloer op den Dësch geluecht. Mir hunn zB gesot, dass ee misst de Mëttelstand entlaaschten. Mir hu gesot, dass et ongerecht wier, fir d'Stock Options ze halen. Elo sot dir, ma d'Stock Options. Majo, mä dat sinn 300 Milliounen Euro pro Joer, wou e puer Happy few iwwert Joren elo schonns dovun profitéieren. An dir musst jo, wann dir dat elo an der Zäitschinn kuckt, da ginn ech net dovun aus, dass dëst Joer eng groussaarteg Steierreform wäert op den Dësch geluecht ginn, nach wäert et richteg sportlech sinn, fir déi fristgerecht bis Dezember gestëmmt ze hunn.“

D'Situatioun nom Etat de crise wär chaotesch gewiescht, eben och well ee Covid-Gesetzer hätt, déi inkoherent wieren. Et bräicht dofir kloer Reegelen, déi et awer nach ëmmer net géing ginn oder se wären net gutt kommunizéiert ginn, an deemno net bei de Leit ukomm. Fir méi genee Aussoen ze maachen iwwer déi rezent Ännerungen, déi d'Regierung e Sonndeg den Owend nom Regierungsrot proposéiert huet, misst een nach ofwaarden. Dat géing een e Méindeg de Mëtteg gewuer ginn.

Back to Top
CIM LOGO