
Den Optakt mécht d’Ried vum Budgetsrapporter Dan Biancalana - um LSAP-Politiker ass et, fir engersäits de Resumé vun de sëllege Reunioune vun der Chamberkommissioun ze maachen an net manner wéi eng Dosen Avisen afléissen ze loossen.
An dat ass eng Fläiss-Aarbecht, un där natierlech d’ganz LSAP-Fraktioun matgeschafft huet - eng Aarbecht, déi direkt um Dag nom Depot vum Budgetsprojet, den 13. Oktober, ugefaangen huet a sech natierlech a groussen Deeler nieft den Aspekter aus den Avisen un den Observatioune vum Conseil National des Finances Publiques orientéiert.
Dëse Gremium kuckt zum Beispill mat enger gewësser Suerg op d’demographesch Entwécklung vun der Populatioun an huet dobäi natierlech de Finanzement vun de Pensiounen am A. Mat Zäiten handelen, fir net herno Hauruck-Upassunge mussen ze stëmmen, sou de Rot vum CNFP-President Marc Wagener.
Och wa Lëtzebuerg d’Pandemie an hir Käschte bis ewell gutt gemeeschtert hätt, sou mécht sech zum Beispill d’Chambre de Commerce Suergen iwwert d’Hausse vun der Inflatioun, befeiert duerch déi héich Energie-Präisser. De Carlo Thelen schwätzt vun engem reegelrechten Derapage.
Am Avis vum Staatsrot da gëtt virun allem d’Observatioun gemaach, datt d’dépenses courantes beim Staat ëm 9% eropgoungen - dëst wier “impressionnant” an den 2.300 neie Plaze geschëlt.
Fir de Finanzminister Gramegna sinn et dës Woch déi lescht Optrëtter als Finanzminister an der Chamber, éier hien ugangs Januar säi Posten dem Yuriko Backes iwwerléisst - beim Budgetsdepot huet nach keen u säi Récktrëtt geduecht, warscheinlech hien emol selwer net. Och un eng Baisse vun de Steieren denkt iwwerdeem de bloen Nach-Minister net. Den Defizit beim Zentralstaat chiffréiert sech d’nächst Joer op 1,2 Milliarden - dat ass en zolidd Lach an der Staatskeess.
Dat kriddelegt Thema Logement geeschtert natierlech duerch all d’Avisen - an deem vun der Chambre des Métiers gëtt zum Beispill ervirgehuewen, datt am Budget en Desequiliber besteet, wat d’Prioritéiten ugeet: fir de Logement wieren 255 Millioune virgesinn - fir den ëffentlechen Transport 610 Milliounen. D’Chamber vun de Staatsbeamten erwaart sech iwwerdeem bei der annoncéierter Hausse vun der Grondsteier Tauxen, déi der Erausfuerderung vu Manktem u Wunnraum gerecht ginn.