
An der Chamber gouf en Donneschdeg iwwert eng méiglech Aarbechtszäitreduktioun diskutéiert, nodeems den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel dofir eng Etüd an Optrag ginn huet. D’Debatt kënnt fir d’Chambre de Commerce awer denkbar ongënschteg.
D’Haaptargumenter vun der sozialistescher Partei fir eng manner laang Schaffwoch ware kloer: Duerch d’Digitalisatioun géing d’Produktivitéit am Allgemengen an d’Luucht goen. D’LSAP schwätzt sech an deem Kader och dogéint aus, d’Schaffdeeg ze reduzéiere, mä dofir d’Schaffstonne pro Dag eropzesetzen. An eisen Nopeschlänner gouf d’Schaffzäit ewell erofgesat. An der Belsch schafft een nach 38 Stonnen d’Woch a Frankräich nëmmen nach 35. Lëtzebuerg misst do matzéien, fënnt den Aarbechtsminister Georges Engel.
Fir d’Chambre de Commerce ass dat Argument awer net valabel, de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg géing doduerch am internationale Verglach u Kompetitivitéit verléieren, seet de Carlo Thelen.
LSAP-Aarbechtsminister: Etüd iwwer den Impakt vun enger Verkierzung vun der Aarbechtszäit (28.4.22)